Luese Yoga Flow
Vinyasa Yoga besteet aus Sequenzen wou eng Postüre fléissend an déi nächst iwwergeet. Den Otem gëtt bewosst an d'Beweegung intégréiert. Et ass e Yogastil dee Kraft, Vitalitéit, Flexibilitéit a Stabilitéit fuerdert. Et entsteet eng Art beweegte Meditatioun déi d'Opmierksamkeet erëm vu bausse no banne kéiert, de Gedankekarussel zum Stoë brengt bis eng ënnerlech Rouh sech installéiert.
Ufänger häerzlech wëllkomm. Coursen sinn a klenge Gruppen an op lëtzebuergesch.Yoga Doux (FR)
Convient aux débutants. C'est le seul cours en français pour le moment.
Ce cours est composé d'exercices de mobilisation et de respiration, de postures de yoga simples et douces pour les articulations, les mouvements sont effectués lentement. Nous utilisons des briques, des coussins ou des chaises pour rendre certaines postures plus accessibles.Sivananda Yoga
12 Basispostüren déi an enger bestëmmtener Reihenfolg ofgehale ginn. Op all Exercice folgt eng Relaxatioun, dës Technik vun ofwiesselnder Uspanung an Entspanung féiert zu enger ganz déiwer, wueldoënder Schlussentspanung.
Opwierm- an Otemübungen sinn Deel vun all Cours, och kuerz Meditatiounen sinn reegelméisseg dobäi.
Dëse Cours ass fir Ufänger geegent oder och fir erfuere Yogis déi d'Sivananda Method wëllen entdecken.