Présentation ELORA 17. Jan
Shopping op eng nei Art & Weis. Komm lanscht Kleeder kucken, umoossen, eventuell kafen oder just e flotte Owend ënnert Fraën verbréngen.
Elora gouf 2010 gegrënnt. Et ass eng franséich Mark déi Wert op Qualitéit an authentesch Designs leet. Elora verfollegt en ökologesch verantwortungsvollen Usatz a gëtt uecht op anstänneg Produktiounsbedingungen. Produktioun ass gréisstendeels an Europa.Medizinrad mam Tina
Workshop: Medizinrad
D'Medizinrad (och Liewensrad genannt) ass eng al Symbolik aus indigene Kulturen déi d'Verbindung tëscht Mënsch, Natur an de véier Elementer weist. Et hëlleft eis d'Kräfte vum Liewen, d'Zyklen vun den Joreszäiten an déi eegen Energie méi bewosst ze erliewen.
An dësem Workshop léiers du verschidde Formen a Liesarten vum Medizinrad kennen. Mir kucken wéi's du domat am Alldag a mat de Joreszäiten kanns schaffen fir méi Gläichgewiicht, Kloerheet a Wuelbefannen ze fannen.
An Theorie a Praxis entdecke mir d'Verbindung mam Klang, Aromen, Kraider, Musek an Edelsteng. Du gesäis och wéi Déieren a elementar Wiesen mat de véier Richtungen verbonne sinn a wéi dës Erkenntnis dech am Liewen begleede kann.
D'Medizinrad gëtt esou zu engem Spigel fir däi Liewen, engem Instrument fir Lasloossen, Neistart a Balance.
Wéini: Samschdeg, den 07. Februar 2026
Ufank: 14 Auer
Dauer: tëscht 3 a max. 4 ½ Stonnen (je nodeem wéi grouss d'Grupp ass an wéi vill Froen entstinn)
Plazen: Minimum 3, Maximum 12 Participanten
Energieaustausch: 75€, dovun 20€ Acompte (net remboursabel ausser de Workshop géif vum Organisateur ofgesot ginn).
Eng Reservatioun ass fest, wann den Acompte iwwerwisen ass mam Vermierk "Acompte non remboursable Workshop Medizinrad" op den IBAN LU42 0099 7800 0131 4756 - CCRALULL - THILL CHRISTINE
Matbréngen:
e Sëtzkëssen falls du eent hues (Matten, Bolster an och e puer Still sinn op der Platz)
eng gemittlech Decken
déck, rutschfest Strëmp an bequem Kleedung
eppes ze drénken