Slow Vinyasa
Vinyasa Yoga besteet aus Sequenzen wou eng Postüre fléissend an déi nächst iwwergeet a wou den Otem bewosst an d'Beweegung intégréiert gëtt. E Yogastil dee Kraft, Vitalitéit, Flexibilitéit a Stabilitéit brengt. Et entsteet eng Art beweegte Meditatioun déi d'Opmierksamkeet erëm vu bausse no banne brengt an de Gedankekarussel zum Stoë brengt bis eng ënnerlech Rouh sech installéiert.
Ufänger häerzlech wëllkomm. Coursen sinn a klenge Gruppen an op lëtzebuergesch.Yoga Doux (FR)
Convient aux débutants. C'est le seul cours en français pour le moment.
Ce cours est composé d'exercices de mobilisation et de respiration, des postures de yoga simples et douces pour les articulations, parfois du yoga nidra pour favoriser la détente ou de courtes séances de méditation.Hormon Yoga Aféierungscours - 5 Coursen & 2 Videos fir d'Methode ze léieren (Level 1)
Hormon Yoga ass en energeetesche Yogastil mat Elementer aus dem Hatha Yoga an dem Kundalini Yoga a Kombinatioun mat tibeeteschen Energie-Übungen. D'Hormon Yoga Übungsrei ass zesummegesat aus Postüren déi direkt op verschidden Hormondrüsen wierken. Hormon Yoga Therapie ass komplex a wierkt duerch eng gezielten Auswahl un Übungen a Kombinatioun mat Pranayama (Otemübungen) an Energielenkung ganz intensiv. Hormonyoga gouf eigentlech entwéckelt fir Fraen ab 35 Joer fir Wiesseljoerbeschwerden virzebeugen. Séier huet sech erausgestallt datt HY vill méi kann. Bei méi jonke Fraen huet sech d'Hormon Yogapraxis positiv op d'Ënnerstëtzung vun der Fruchtbarkeet, d'Reduzéierung vu Menstruatiounsstéierungen oder d'Harmoniséierung vun engem hormonellen Ongläichgewiicht no enger Schwangerschaft ausgewierkt.
Dësen Aféierungscours ass speziell fir Ufänger geduecht. Et brauch ee keng Yogavirkenntnisser fir mat Hormon Yoga unzefänken.